Aktualitéit

Annonce neie Chef

Fanfare Hielem – Luerenzweiler

Hielem – Luerenzweiler Musek sicht en/eng nei/en Dirigent/in ab dem 15. September 2019.
Mir sinn eng gutt besaten Fanfare mat ganz vill Jugend an wou de Nowuess garantéiert ass.
Eng vun den Haaptaufgaben ass d’Aarbecht an d’Integratioun vun deenen Jonken an eis Musek.
Als dynamesch Equipe sinn mir motivéiert an oppen fir nei Erfarungen ze maachen.
Eis Prouwen sinn (am Prinzip) Dënschdes owes vu 19.45 - 21.15 Auer.
D'Lëtzebuerger Sprooch ass vu Virdeel.
Schéckt eis Är Kandidatur mat CV a „Lettre de motivation“ per e-mail un : president@fhl.lu
Fir weider Informatiounen a bei Intressi kënnt dir iech beim President Roland Kayser mellen : 621 387508