E Wuert vum President zum 75 anniversaire

E Wuert vum President zum Ulass vum 75. Anniversai

De ronne Gebuertsdag vun eiser Musek ass eng Geleeënheet fir op d'Entwéckelunge vum Veräin zeréckzekucken, eng Zwëschebilanz ze zéien an Akzenter fir d'Zoukonft ze setzen.
Et läit eis all um Häerz, fir un déi Pionéier ze denken, déi an enger schwireger Zäit et fäerdegbruecht hunn, eng Musek ze grënnen a fonctionnéieren ze dinn. Et war net evident, sech fir eng Organisatioun hirzeginn, déi zwar am Déngscht vun der Allgemengheet sollt schaffen, ouni awer de Bedeelegte materiell Wäerter ze verschafen. Mir kënnen haut nëmme mat ganz groussem Respekt fir déi Leeschtungen, déi demools bruecht gi sinn, Merci soen. Ouni den Engagement vun de Leit vun der éischter Stonn kënnte mir haut net esou houfreg op ons 75 Joer al Hielem-Luerentzwëller Musek kucken.
De selwechte Respekt si mir all deene schëlleg, déi während 75 Joer d'Musek durch déck an dënn gefouert hunn. Mol méi schwéier Zäiten hu si iwwerwonn a si hunn et fäerdegbruecht, d'Musek weider ze entwéckelen a se op deen héigen Niveau ze bréngen, op deem se haut steet.
Datt dat esou ass, läit an e puer ganz bestëmmte Grënn: Frëndschaft a Komerodschaft, Solidaritéit an Toleranz, Engagement an Ausdauer hunn ëmmer an der Hielemer Musek den Toun uginn.
Dat gët och illustréiert duerch en eenzegaartegt Zeeche vu Konstanz: D'Hielemer Musek hat a senge 75 Joer Existenz nëmme 5 Dirigenten. Wann ee weess, wéi wichtig an usprochsvoll d'Aarbecht vum Dirigent ass, kënne mir all houfreg dorop sinn. All eisen Dirigenten, besonnësch awer denen dräi Monumenter ZECHES Bernard, COLLIGNON Fernand an THEIN Jean-Marie, déi zesummen d'Musik méi wéi 60 Joer geleet hunn, ee groussen a waarme Merci.
Datt verschidde Familjen elo schons an der drëtter a véierter Generatioun onënnerbrach an der Musek matschaffen a matspillen, ass ee weidere Beweis vu Kontinuitéit.
De BINTNER Emile, dee mat groussem Asaz méi wéi 60 Joer a senger Hielemer Musik esou villes bewiirkt huet, soll eis all ee Virbild bleiwen. E grousse Merci si mir der öffentlecher Hand, besonnesch eiser Gemengeverwaltung, schëlleg fir d'Schafung an de Fonktionnement vun enger qualifizéierter Musiksschoul, déi de Rekrutement erliichtert an d'Ausbildung fördert.
Dat alles, verbonne mat dem Engagement vun jidder eenzelnen, ob um Pult oder am Comité, dréit zum Erfolleg vun eisem Veräi bäi.
Datt munch vun eise jonke Musikanten, iwwert de Veräin eraus, op nationalem Plang kulturell aktiv sin: ob z.B. als jeune soliste oder matschaffen am Orchestre d'Harmonie des Jeunes vun der UGDA, mécht de Verantwortleche Freed a gët Satisfactioun.
Houfreg duerfe mir och sinn, datt verschidden aus eise Reihen d'Musek als Beruff gewielt hunn an do ganz erfollegräich an unerkannt gi sinn.
Et as jo bekannt, datt et heiansdo méi liicht ass, e gudden Niveau ze erschaffen wéi en ze behalen. Et ass schons bal banal ze widderhuelen, datt mir an enger Zäit liewen, wou d'Offer u Fräizäitbeschäftegungen esou grouss ass éwéi nach ni. Doniewt setzt sech ëmmer méi d'Mentalitéit duerch, sech zervéieren ze loossen, aplaz selwer aktiv ze ginn. Dat alles mecht d'Aarbecht an engem Veräi bestëmmt net méi einfach.
An awer, oder besonnesch, si mir als Mêmber vun der Hielemer Musek optimistesch a mir wëllen an de Joren, déi virunn eis leien, an der selwechter Frëndschaft a Komerodschaft, mat Energie a Kraaft zesummeschaffen fir dat, wat d'Grënner vun der Musik sech als Ziel gesat haten, ze erhalen a weider auszebauen.
Meng direkt Virgänger, Jean JEMMING an Nico HOFFMANN, mat deenen ech d'Geleeënheet hat, eng länger Zäit zesummen ze schaffen, hu ganz sécher an deem Sënn de Veräi gefouert. Jiddfereen mat sengem eegene Stil, hu si an der Musek d'Richtung uginn a villes bewiirkt; esou konnte si hiren Nofolger ee gesonden an aktive Veräin weider ginn. Ech wëll net verfeelen, besonnesch hinne mäi ganz perséinliche Respekt an mäin oprichtige Merci auszedrécken.
Et bleiwt mir nach Merci ze soen : Dem Claude SCHMARTZ mat all senge Mataarbéchter am Organisatiounskomitee, déi derfir suergen, datt eis Musek hire 75. Gebuertsdaag op eng éierbar Manéier feiere kann. Merci och all deene Frënn, déi den Organisatiounskomitee op irgend eng Manéier ënnerstëtzt hunn.
E besonnesche Merci ass fir d'Giedelen an d'Pätteren, déi et méiglech gemaach hunn, datt mir an den nächste Joren mat engem neie Fändel weise kënne wie mer sinn: eng grouss, eng staark HIELEM-LUERENTZWËLLER MUSEK.